URGENT: Wahlkampfspot

Ganz wichteg! Mäi Wahlkampfspot kucken. Fir meng Kampagne z’ënnerstëtzen hu sech verschidden prominent a seriéis wierkend Politiker zesummefonnt fir déifgräifend iwwer Politik ze philosophéieren. Grouss Staatsmänner fir eng riesegrouss Koalitioun.

Deelen, deelen, deelen, wéi ee sou schéi seet:

https://vimeo.com/77162189

Advertisements

Leave a comment

Filed under Neiufank, Wahlprogramm

Special: Etienne Schneider

Schmocke Borscht soen ech do! Wéi géif sou engem Mann net fräiwëlleg d’Muecht iwwert ee ganze Grand-Duché an d’Hand leeën

etienne_3

Méi vum Fotoshooting fannt dir hei: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.529503117143500.1073741832.523881077705704&type=3
Net vergeessen ze liken! E Sonnden zielt all Like!

Leave a comment

October 17, 2013 · 11:30 am

Special: 5vir12

Meng wichteg Kollegen vun 5vir12 hunn kloer bewisen, ween déi bescht Proposen fir d’Wirtschaft, fir hire Portemonni an fir dëst Land huet. Hir pointéiert an novollzéibar Argumentatioun hu se an dëser Grafik zesummegefaasst. D’Sëlwermedail geet wei z’erwaarden un mäi liberale Kolleg Etienne Schneider vun der DP.

5vir12_Propose

Leave a comment

Filed under Analyse, Neiufank

Final Countdown

banner_2Et geet an déi décisiv Phase! Do setzen ech, genau wéi meng zukünfteg Koalitiounspartner “déi gréng” ganz op patriotesch Floskelen. Lëtzebuerg potenzéieren, Lëtzebuerg immuniséieren…

Leave a comment

Filed under Neiufank

Meng Analyse vun aaner Parteien (V)

k61_plakat14

 

Ech beschäftegen mech jo haut mat deene Parteien déi kee Mënsch brauch fir hei am Land eng verantwortungsvoll Politik ze maachen. Als lescht wier dat dem Xavier Bettel senger ADR. Brauch kee Mënsch, huet awer interessant Usätz.

Leave a comment

Filed under Analyse, Neiufank

Meng Analyse vun aaner Parteien (IV)

k61_plakat13

 

Skandal: d’Gewerkschaft trëtt lo och nach bei de Chambers-Wahlen un. Hire Chef, den Jean-Claude Reding, huet dozou opgeruff, net d’CSV ze wielen. Mäi Kolleg Etienne Schneider (vun der DP – Demokratesch Partei) huet direkt reagéiert an dozou opgeruff net d’Gewerkschaft ze wielen.

Leave a comment

Filed under Analyse, Neiufank

Meng Analyse vun aaner Parteien (III)

k61_plakat12

Mäi Kolleg Sven Clement (vun der DP – Demokratesch Partei) kandidéiert och, allerdéngs komescherweis net fir eis riesegrouss Koalitioun, mä fir eng lusch Männer-Partei.

A sengem Wahlkampf setzt de Sven op sech, op Lesben-Sex, op sech, op blond Meedercher, op sech, op inhaltlech ähnlech konkret Fuerderungen wei ech, op sech an op ee Grupp-Ex-ADRler an Schüler, déi en fir säi Wee un d’Muecht mëssbraucht. Dat ganzt als Basisdemokratie mat Spëtzekandidaten getarnt. Sou maachen ech dat och.
Sven, komm zeréck!

 

Leave a comment

Filed under Uncategorized