Ech panachéire beim Kandidéieren

Auszoch “Dat Wesentlecht” vum 12. Oktober 2013: Interview mam Kandidat 61 (CSVLSAPDPGréng)

De Kandidat wollt, dass mir duerch eng Photo vum wonnerschéinen Eisléck seng patriotesch Sait ënnersträichen.
blog_eisleck_foto

– Dir kandidéiert lo fir déi 7. Kéier. Wat bréngt Iech op en Neits an d’Politik?
Ma, ech wollt meng Kollege erëmgesinn, déi ech mer an deene läschte Joeren an deene verschiddene Parteie gemaach hunn. Iwwert all déi Joeren si mir an der Chamber scho sou eppes wéi eng Famill ginn. A wann dee Wahlzirkus riwwer ass, gi mer alleguer, parteiiwwergräifend een huelen. Dat Zwëschemënschlecht hält mech an der Politik.

– Dir triet dëst Joer fir all déi 4 grouss Parteien un, DP, LSAP, CSV an déi Gréng…
Wann de Wieler beim Wiele panachéieren däerf, dann däerf de Kandidat dat och beim Kandidéieren, nee?

– Gëtt et tëscht deene 4 Parteien da keng politesch Ënnerscheeder? Muss ee sech net fir eng politesch Richtung entscheeden?
Lëtzebuerg ass ee klengt Land a mir musse kucken, dass mer stabil bleiwen. Dowéinst si politesch Virstellunge kontraproduktiv. Wat net heescht, datt ech keng Idealer hätt; ech iesse Müsli, ginn an d’Mass, sangen d’Internationale op Lëtzebuergesch an de Xavier Bettel (ADR) fannen ech super.

– Dir tried fir eng “riisegrouss” Koalitioun an, also eng Koalitioun aus CSV, LSAP, DP an Gréng. Soll et an Demokratien net ëmmer Alternativen ginn?
Net mat mir. An dorops ka sech de Wieler verloossen.

– Et trieden dach och nach aner Parteien un déi…
Parteien ass do ee grousst Wuert. Cannabis-Dokteren, Stalinisten, déi Päife vun Barbados, an nach eng Kéier Stalinisten. Brauche mer sou ëppes da wierklech, froen ech Iech?

– Okay, lescht Fro: Ären Tipp fir de Wahlausgang?
Ech kommen an d’Chamber.

– Wierklech?
Jo.

Leave a comment

Filed under Interviews, Neiufank

Leave a comment